
Am Bezuch op den déidlechen Accident zu Dondel, sicht d’Police elo no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir d’Police vu Capellen, entweder per Telefon um +352 244 30 10 00 oder per Email op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.
Wat war geschitt?
E Samschdeg am Nomëtteg koum et géint 16.30 Auer op der Route de Luxembourg tëscht Dondel a Buer zu engem déidleche Motorradsaccident. Eng Ambulanz vu Mamer, genee wéi ee Samu an d’Air Rescue waren op der Plaz, ma den 53 Joer ale Motorradschauffer vun Hoen ass nach op der Plaz verscheet.
De Mann wier mat anere Motorradschaufferen an enger klenger Grupp ënnerwee gewiescht, wéi et zum Tëschefall koum. Et wier awer keen anert Gefier am Accident implizéiert gewiescht, confirméiert d’Police op Nofro.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz, esou datt d’Strooss bis géint 20.30 Auer komplett gespaart war. Antëscht ass se awer nees fir den Trafic op.
E weidere Motorradsaccident gouf et dann nach géint 16.30 Auer tëscht Siren a Mutfert op dem CR132. Wéi de CGDIS matdeelt, gouf eng Persoun blesséiert an eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.