Antëscht géinge vill Stéit iwwer 10.000 Géigestänn besëtzen, esou de Mouvement Ecologique. Fir all dës Saache musse vill Ressourcë benotzt ginn. De Konsum stéing dofir an direkter Relatioun mat der Ressourcëverschwendung.
Fir deem entgéintzewierken, sollt méi reparéiert ginn, amplaz dass e Produit ewechgeheit an nei kaf gëtt. Dofir sinn op der enger Säit EU-Richtlinne néideg, ma op der anerer Säit kéint Lëtzebuerg awer national Mesuren huelen. Fir d’éischt mol sollt awer en zentralen Dossier geschaaft ginn, fuerdert de Mouvement Ecologique. Aktuell wieren nämlech vill verschidde Ministèren involvéiert.
De Christophe Muroccu vum Mouvement Ecologique erkläert, dass et wichteg wier, d’Zoustännegkeeten ze definéieren an dat dann och effektiv duerchzesetzen. Am leschten Offallwirtschaftsgesetz gouf virgesinn, Recyclingszenteren a Ressourcenzenter ëmzeänneren. Dat ass dem Mouvement Ecologique no besonnesch wichteg, well dat genee déi Plaze sinn, wou d’Ressourcen nees kënnen an de Circuit bruecht ginn. Dowéinst wier et elo och um Staat, en entspriechende Règlement grand-ducal erauszebréngen, mat engem Fokus op der Reparatur.
Doriwwer eraus wier et och wichteg, dass d’Produiten och esou gebaut ginn, dass se kënne reparéiert ginn. Ma och do kéinte kloer Richtlinne vun der EU oder de jeeweilege Länner hëllefen.
Den Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall hunn am Kader vum Weltreparaturdag och den Internetsite “Fixit” an d’Liewe geruff. Ënnert meco.lu/fixit fënnt ee verschidden Ulafstellen, wéi de Repair Café oder nach Projeten, déi Second Hand Moud verkafen oder promouvéieren. Ma ouni d’Politik wier et awer méi schwéier, an déi richteg Richtung ze zéien.