Situatioun am Fraeblock zu SchraassegNach ëmmer Mannerjäreger an engem Prisong fir Erwuessener

RTL Lëtzebuerg
Dat jéngst Dokument vun der Associatioun "eran, eraus... an elo?" befaasst sech mat der Situatioun vu Fraen am Prisong.

21/05/2020 Rapport Frae Prisong EWALD -12h30-

D'Associatioun "eran, eraus... an elo?" regruppéiert déi Leit, déi sech fir d'Justiz an de Strofvollzuch interesséieren. Si hunn e Rapport vun de Mediateure vum Dezember 2017 analyséiert, mä och d'Reaktioun op dee Rapport vum Justizministère a vum CHL an d'Kommentare vu nder Ombudsman. D'Associatioun huet och eege Froen a Kommentaren dozou.

An der Reaktioun vum Claudia Monti fält op, datt d'Ombudsman zweemol vu Violatioun vun de Mënscherechter schwätzt. Eemol am Kontext vun enger Gebuert an eemol am Zesummenhank mam Fraeblock zu Schraasseg.

Am Deel iwwert d'"Situations particulières à la détention des femmes" geet vum Accouchement vun enger Prisonéier rieds, deen ebe contraire gewiescht wär zu de Mënscherechter a vun deem d'Mediateur seet, sou en Tëschefall sollt sech net widderhuelen.

Deemno wiere Polizisten an der Salle d'accouchement gewiescht an d'Fra wier mat de Féiss um Bett fixéiert ginn. De Centre Hospitalier hat erkläert, eng intern Enquête hätt erginn, dass keng Polizisten am Raum waren an d'Fra net mat Foussfessele festgemaach gi wär, weder bei der Gebuert, nach bei hirem Openthalt am CHL.

Wourop d'Ombudsman äntwert, dass d'Informatioune vum Spidol absolut net den Informatioune vun der Kontroll-Ekipp a vun der Police entsprieche géifen. D'Foussfessele bei der Gebuert wiere vu Polizisten op der Plaz confirméiert ginn an d'Police hätt Mesuren ergraff, fir dass sech sou eppes net widderhëlt.

"eran, eraus... an elo?" freet an deem Kader no, ob dat Néidegt gemaach gouf, fir e Widderhuele vu sou enger Situatioun ze verhënneren.

Am Deel, dee sech mat de "Constats particuliers au bloc F", dem Fraeblock, beschäftegt, erënnert d'Claudia Monti drun, dass international Reegele verschidden Oftrennungen am Prisong virgesinn. Sou solle Verurteelter an Untersuchungshäftlingen, Männer a Fraen a Mannerjäreger an Erwuessener net zesumme kommen.

Weiblech Mineuren, déi normalerweis vu méi engem oppene Regime profitéiere kéinten, wieren awer och am Block F ënnerbruecht, op enger Plaz, wou vill Passage ass. Déi mannerjäreg Frae wieren dofir bal déi ganz Zäit agespaart, wat der Mediateur no net ze toleréiere wär. Strukturell Insuffizienzen dierfte keng Violatioun vun de Mënscherechter justifizéieren a Mineure sollten och net méi op Schraasseg kommen.

"eran, eraus... an elo?" hält heizou fest, dass Lëtzebuerg eent vun den eenzegen europäesche Länner ass, an deem Mannerjäreger an engem Prisong fir Erwuessener sëtzen, an déi aktuell Regierung nach ëmmer net mat där "Pratique plus que déplorable" ophale wéilt.

Back to Top
CIM LOGO