Luc Frieden bei Arrivée um EU-SommetNach keng Decisioun, ob d'5-Cent-Reduktioun op de Spritpräisser verlängert gëtt

Pierre Jans
De Staatsminister huet erkläert, dass de Präis wuel wichteg wär, ma dee wär zu Lëtzebuerg jo scho méi niddreg ewéi a villen EU-Länner. Dobäi kéimen d‘Indexéierung vun de Léin an Energieprimme fir Leit mat klenge Salairen.
De Staatsminister am Interview mat Journaliste bei senger Arrivé um EU-Sommet.
De Staatsminister am Interview mat Journaliste bei senger Arrivé um EU-Sommet.
© Pierre Jans

D‘Regierung huet nach net decidéiert, ob d‘Spritpräisser iwwer Enn Dezember eraus ëm 5 Cent de Liter reduzéiert ginn.

Dräi Véierels vun de Walberechtegten hu sech an der Sonndesfro vun Ilres fir RTL an d‘Wort dofir ausgeschwat, dass déi Tripartitesmesure verlängert gëtt.

Aktuell ass d‘Konditioun fir déi staatlech Hëllef jo och nach erfëllt. D‘Präisser op der Pompel leien däitlech iwwer dem Niveau vum Referenzwäert am Februar.

Bei senger Arrivée um EU-Sommet, bei deem d'Energiepräisser- a Versuergung an Europa en Haaptthema sinn, huet de Premier Luc Frieden erkläert, dass de Präis wuel wichteg wär, ma dee wär zu Lëtzebuerg jo scho méi niddreg ewéi a villen EU-Länner. Dobäi kéimen d‘Indexéierung vun de Léin an Energieprimme fir Leit mat klenge Salairen.

"Generell ass d‘Kafkraaft vun de Leit an den dräi Joer vun dëser Regierung bis elo eropgaangen. Mir wäerten doru weider schaffen. Mir hu keng Decisioun geholl, wéi mir dat an den nächste Woche maachen. D‘nächst Woch ass e Comité de Suivi vun der Tripartite. Mir wäerten dann all déi néideg Donnéeë vum Statec an aneren staatlechen Déngschter kréien, déi mir da konstruktiv mat de Sozialpartner wäerten diskutéieren."

De Premier Luc Frieden huet virop d‘Energieversuergung als Prioritéit erkläert. D‘erneierbar Energie misste weider developpéiert ginn. Eng Pist, fir ënnert den EU-Länner méi resilient bei Energieenkpäss ze ginn, wier dem Luc Frieden no, dass d‘Reseauen tëscht de Memberstaate verbessert ginn. Wa Portugal eng Iwwerproduktioun duerch erneierbar Energien hätt, misst zum Beispill Lëtzebuerg deen Iwwerschoss einfach a säi Reseau kënnen akafen.

Traditionell schwéier Diskussiounen erwaart de Lëtzebuerger Premier sech weider iwwer de pluriannuellen EU-Budget. Ënnert anerem den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz wëll de roude Bic usetzen, fir ze spueren. Anerer wëllen en zolitten EU-Budget fir méi Kohäsioun. Bis Dezember hunn d‘EU-Staats-a Regierungscheffen Zäit, fir e Kompromëss ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO