Och an de Schäfferéit an an de Gemengeréit sinn d’Frae massiv ënnerrepresentéiert. Op dës Inegalitéit huet e Samschdeg de Conseil National des Femmes mat engem Infostand an der Stad opmierksam gemaach.
Den Nationale Fraerot wënscht sech méi Fraen an der Politik. An de leschte Joren hätt sech awer scho vill gedoen, besonnesch bei dëse Wale wiere vill Parteien op d’Fraen duergaangen an hätte si iwwerzeegt, mat op eng Lëscht ze goen, seet d’Presidentin vum Conseil National des Femmes Aldina Ganeto. Déi Entwécklung geet dem Fraerot awer net séier genuch.
Et wier net einfach, fir Famill, Beruff an och nach Politik ënnert een Hutt ze bréngen. Et misst een de Fraen d’Decisioun, fir an d’Politik ze goen, méi einfach maachen, fuerdert de Fraerot. Zum Beispill eng Offer fir d’Garde vun de Kanner ze assuréieren, esou d’Aldina Ganeto.
Speziell Fraequote wieren natierlech och ëmmer eng Méiglechkeet. Sécher besser wär awer en Ëmdenken an der Gesellschaft.