Coronavirus zu LëtzebuergNees 8 Doudeger bäikomm, vun 12.432 Tester waren der 713 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 8 weider Persounen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Insgesamt sinn dat elo 219 Doudeger.
© RTL

Aktuell sinn 221 Patienten hospitaliséiert, dovunner 41 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 10.284 aktiv Infektiounen, 15.428 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO