
Dësen ass d’Referenz fir Betriber aus dem Horeca-Secteur. De Guide soll d’Hygiène vun de Liewensmëttel fir de Verbraucher garantéieren. Fir d’éischt Kéier ass de Guide och fir de Public zougänglech.
De “Guide de bonnes pratiques d’hygiène” gëtt Conseile fir e sécheren Ëmgang mat Liewensmëttel. Dëst awer net nëmme fir Hoteller, Caféen a Restauranten, mä och fir de Privatverbraucher. Dozou de Patrick Hau, Kommissär fir d’Liewensmëttelsécherheet:
“Wann et lo waarm am Summer ass, an als Konsument ginn ech akafen an ech kille meng Saachen net oder ech fueren duerno nach spadséiere mat den Akeef, da kann et zu mikrobiologesche Gefore kommen an da kënnen do Leit krank ginn. Duerfir ass et wichteg, dass wierklech op deenen dräi Levele Produzenten, Konsumenten an Transformateuren do d’Responsabilitéiten alleguer agehale ginn.”
2014 ass déi éischt Editioun vum “Guide de bonnes pratiques d’hygiène” erauskomm. Well awer vun Zäit zu Zäit nei Liewensmëttel, nei Veraarbechtungsmethoden oder och d’rechtlech Grondlag sech ännere kann, muss och de Guide d’hygiène vun Zäit zu Zäit aktualiséiert ginn.
Upasse mussen sech d’Betriber zum Beispill un dat neit Offallgesetz. Fir Bestellungen oder Plats à emporter ginn et jo mëttlerweil d’Eco-Boxen, déi méi wéi eng Kéier kënne verwennt ginn an de Plastiksoffall reduzéiere sollen. De Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp:
“Dat ass eng Initiativ, déi mer geholl hunn, fir ze weisen, dass et aner Outile ginn, fir kënne Saachen ze verpaken an ze verkafen. Dat ass natierlech ëmmer mat Aarbecht verbonnen. Dat ass et eben, de Konsument hätt gären, dass mer méi op eis Ëmwelt oppassen, da muss de Konsument och bereet sinn, déi Schossel ze benotzen a se och erëm benotzt, a se mat zréckbréngt a se dann och echangéiert kritt.”
Nei am Guide ass och, dass Betriber sollen Indikatioune kréien, fir d’Verbëtze vu Liewensmëttel kënnen esou niddreg wéi méiglech ze halen.
Anengems missten awer och d’Entreprisen aus dem Horeca-Secteur deementspriechend kontrolléiert ginn. Hei wier d’Regierung kritiséiert ginn. Eppes, dat sech elo soll änneren, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert:
“An deem Sënn ass ee Projet de Loi um Instanzewee, deen eng Verwaltung kreéiert fir d’ganz Liewensmëttelketten nom Prinzip Fourche à la Fourchette. Ech si ganz frou matzedeelen, dass mer elo déi lescht Ligne droite kënnen ugoen. Sou dass mer dëse Projet warscheinlech nach an dëser Legislaturperiod wäerten evakuéiert kréien, dat ass e grousse Schratt a Richtung Vereinfachung, wann d’Betriber just nach een Uspriechpartner hunn.”
De “Guide de bonnes pratiques d’hygiène” ka vum Konsument um Internetsitte vun der Horesca erofgeluede ginn. An deenen nächste Woche soll de Guide och op Däitsch an Englesch erauskommen.