
Am Regierungsrot gouf e Freideg den nationale Plang fir cardio-neuro-vaskulär Krankheete fir d’Joren 23 bis 27 ugeholl. Domat soll d’Zuel vun de Leit, bei deenen esou eng Krankheet zum Doud bäigedroen huet, reduzéiert ginn.
De Regierungsrot huet och gréng Luucht ginn fir d’Ëmsetzung vun enger europäescher Direktiv, mat där e System fir cibléiert Migratioun agefouert gëtt. Iwwert dee Wee solle qualifizéiert Leit aus Net-EU-Länner kënne legal areesen, fir hei géint de Manktem u Main d’oeuvre auszegläichen.