
Et handelt sech ëm eng DDOS-Attack, dat confirméiert den Direkter vum CTIE Patrick Houtsch am RTL-Interview. Dobäi ginn d’informatesch Ressourcë vum viséierten Affer iwwerlaascht.
D’Attack koum en Donneschdeg am spéide Moien an huet am Laf vum Dag ëmmer méi Sitten, och vu privaten Entreprisë viséiert.
D’technesch Servicer vum Staat hunn all déi néideg Mesurë geholl, fir den Impakt vun der Attack ze limitéieren an och d’Sitte vum Staat nees disponibel ze maachen. Ënner anerem, esou den Direkter vum CTIE, kann een déi Source blockéieren, vun där déi Attacke kommen. Mä hei géif e “Kaz-a-Maus-Spill” entstoen, wann d’Hacker hir Sourcen ëmmer nees wiesselen. Do muss een “eng Zäitchen hannendru bleiwen”, fir ëmmer erëm d’Sourcen, wou d’Attacken hierkommen, nei ze fannen.
Déi meescht Internetsitten, déi vun der Cyberattack op Lëtzebuerg betraff waren fonctionéieren erëm, mä d’Attack wier nach net eriwwer. Dat huet de Patrick Houtsch vum CTIE am RTL Interview ënnerstrach. D’Cellule de crise, déi aberuff gouf, huet e Grupp vun Experten zesummegestallt, deen en enke Suivi vun der Attack mécht an déi Moossnamen hëlt, déi ze huele sinn.
De Premierminister Luc Frieden, deen den Ament um EU-Sommet zu Bréissel ass, huet eng Cellule de Crise zesummegeruff, déi direkt beieneekomm ass. D’Ministesch fir Digitalisatioun Stéphanie Obertin presidéiert déi Cellule.
De Premier géif iwwer de weidere Verlaf informéiert bleiwen, heescht et am Communiqué vum Haut Commissariat à la Protection Nationale.
Och d’Deputéiert haten en Donneschdeg am Nomëtteg eng Email kritt, an deem si vum technesche Service vun der Chamber dorops opmierksam gemaach goufen, dass och d’IT-Systemer vun der Chamber concernéiert sinn. Dora war wéi gesot rieds vun enger IT-Attack. Do virdru war bekannt, dass verschidden Internetsitte vum Staat net disponibel waren, dorënner myguichet.lu an och de Site gouvernement.lu.
Vu wou oder vu wiem déi Attack ausgoe kéint, goung net aus dem Schreiwes vum HCPN ervir.
Aus gutt informéierte Kreesser krut RTL confirméiert, dass et sech ëm eng Attack aus Russland handelt, wie genee dohannert stécht, ass nach net gewosst.
Op de soziale Reseauen zirkuléiert e Post, wou sech verschidde russesch Hackergruppe responsabel fir d’Attack bekennen. Dës ginn un, dass een dat gemaach hätt, well Lëtzebuerg sech der tschechescher Koalitioun ugeschloss hätt, fir der Ukrain Munitioun ze liwweren. Dëst wollt de Patrick Houtsch awer net kommentéieren.
Gutt zwou Stonnen no der Cyberattack waren d’Internetsitten nees disponibel.

Perturbations de plusieurs sites Internet de l’État (21.03.2024)
Communiqué par : Cellule de crise
Depuis le matin du 21 mars 2024, plusieurs sites Internet de l’État font l’objet d’une attaque cyber DDOS (déni de service distribué). Une attaque DDOS consiste à saturer les ressources informatiques des cibles.
Les services de l’État prennent toutes les mesures nécessaires afin de limiter l’impact de l’incident et de restituer les services au plus vite.
Le Premier ministre a convoqué une cellule de crise. Celle-ci se réunit actuellement afin de discuter des mesures futures adéquates. Sur instruction du Premier ministre, la ministre de la Digitalisation, Stéphanie Obertin, préside la cellule de crise.
Le Premier ministre est informé de manière permanente et activement impliqué dans toute prise de décision.
Participants: ministère de la Digitalisation, Direction de la défense, Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN), police grand-ducale, armée, Service de renseignement de l’État (SRE), Service de la communication de crise (SCC), Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE), Service information et presse (SIP), Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique (SMC), Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL), Institut luxembourgeois de régulation (ILR).
Perturbations de plusieurs sites internet luxembourgeois (21.03.2024)
Communiqué par : Cellule de crise
À la suite d’une attaque cyber DDoS (déni de service distribué) visant à rendre plusieurs sites internet luxembourgeois inaccessibles, une cellule de crise s’est réunie en cours de l’après-midi, sous la présidence de la ministre de la Digitalisation, Stéphanie Obertin.
Conformément au plan « cyber » et suite à une analyse approfondie de la situation, la cellule de crise a mis en place une cellule opérationnelle, composée d’experts qui suivent la situation en permanence et prennent les mesures qui s’imposent.