
Dëst, well no den Zënshaussë manner gebaut gëtt. An hiren Ae ginn d’finanziell Hëllefsmesuren, déi d’Regierung schonn annoncéiert huet, net duer.
D’Gewerkschaften, déi spillen d’Kris awer erof, och wann zum Beispill d’Firma Cardoso Constructions schonn Ufanks vum Summer Faillite gemaach huet. Dem OGBL no zum Beispill géing et éischter un Aarbechtskraaft feelen an u Wunnengen. Gewerkschaften a Patronat verhandelen iwwerdeems och iwwert en neie Kollektivvertrag, mee dës Verhandlunge wiere wéi et heescht ganz zéi. Am Bau schaffen eng 20.000 Leit.