Vun de Visièren, déi vu private Leit geprint ginn, hunn mir Iech op dëser Plaz schonn erzielt. Elo kommen dann och Haltere fir d’Masken aus dem 3D-Printer. Dat fir Leit, déi hire Mondschutz wéinst der Aarbecht zum Beispill am sanitäre Beräich oder an engem Supermarché laang unhale muss. Da kann de Lastik nämlech och Emol hannert den Ouere schruppen, bis et wéi deet. D’Monica Camposeo huet sech d’Halteren an den Atelier, wou d’Commandë geréiert ginn, ugekuckt.
De Lastik gëtt dann am Halter fixéiert an net méi hannert den Oueren. Eng 11.000 vun dësen Haltere fir d’Maske goufe scho produzéiert. 3.500 dovunner goufen och schonn ausgeliwwert, haaptsächlech u Spideeler.
Jiddereen, deen en 3D-Drucker huet, ka mat hëllefen. Den Tom Schockmel vun der Initiative "3D Print – Let’s fight corona Luxembourg": "D’Communautéit, déi mer opgebaut hunn, besteet haaptsächlech aus private Leit, mee och aus Lycéeën, awer och Maker Space’en an zum Deel esouguer Firmaen. An déi maachen dat all mat hirem private Material. An da schécke si eis dat zou. Entweder iwwer déi 7 Drop-Off-Plazen, déi mir uechter d’Land hunn an déi ginn da vun den CFL oder vun der ACL heihinner bruecht, oder si bréngen et direkt bei eis."
Wann d’Commanden am Atelier vum Lycée Arts et Métier traitéiert goufen, ginn déi fäerdeg Produiten ofgeholl an ausgeliwwert. Ma fir déi ganz Prozedur brauch een och eng Rei Benevollen.
D'Dana Becker, huet den Opruff op Facebook gesinn: "Elo hunn ech och gutt Zäit. An et ass jo grad elo wou et zielt. Wat mir zu méi sinn, wat mir och méi gemaach kréien."
Carmen Gillen, pensionéiert Franséisch-Proff: "Do ass relativ schnell eng Communautéit zesumme gewuess, déi all Dag opsteet an heihinner schaffe kënnt. An ech mengen, et ass dat, wat mir elo kënnen dorausser léieren. U sech och e Virbild si fir weider Aktiounen. An ech hoffe jo, dass de Benevolat aus dëser Kris hei erauswiisst."
D’Motivatioun ass grouss a fir der héijer Demande gerecht ze ginn, ginn den Ament och haaptsächlech Professioneller beliwwert.
Den Tom Schockmel nach eemol: "An éischter Linn elo Emol Leit, déi mat anere Leit zesumme schaffen. Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen, mee awer och Leit, déi eng Pedicure médicale maachen. Eis hunn och scho Leit vum Match oder Cactus kontaktéiert. Si hunn och scho Saache vun eis kritt. Wann et gebraucht gëtt, kënne si et gäre siche kommen. Mä mir probéieren eis awer haaptsächlech op déi professionell Leit ze beschränken an enger éischter Phas."
Vu moies 8 bis mëttes 17 Auer gëtt hei all Dag geschafft. Fir deene Leit, déi net kënnen doheem bleiwen, d’Liewen e bësse méi einfach ze maachen.
Weider Informatiounen zu dësem Projet fannt Dir um Internetsite www.letsprint.lu.
