Noléissegkeet an der Lutte géint de BlanchimentNotaire Martine Schaeffer plädéiert schëlleg a kritt eng Strof vu 70.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Jugement geet ervir, datt si virgeworf krut, jorelaang bei dubiéisen Transaktiounen vun aserbaidschanesche Bierger d'Aen zougemaach ze hunn.
© RTL-Archiv

D’Notaire a Presidentin vun der Chambre des notaires Martine Schaeffer ass strofrechtlech verurteelt ginn, wéinst grave Mänktem an der Lutte géint de Blanchiment. Dat hat reporter.lu d’lescht Woch gemellt.

Zesumme mat der Star-Kächin Léa Linster hätt d’Martine Schaeffer wärend 10 Joer d’Aktivitéite vun der aserbaidschanescher kultureller Associatioun “Karabah” hei am Land ënnerstëtzt. Warnunge vun der Cellule de Renseignement financier vum Parquet wieren ignoréiert ginn. De Blanchiment vu Sue war duerch de Korruptiounsskandal “Azerbaijani Laundromat” 2020 opgeflunn. D’Martine Schaeffer an d’Léa Linster hunn dunn aus der ASBL demissionéiert.

D’Martine Schaeffer huet selwer schëlleg plädéiert a krut dowéinst just eng Strof vu 70.000 Euro. Soss hätt d’Strof theoretesch bis 5 Milliounen Euro kënne goen. D’juristesch Poursuitte sinn och domadder fir si ofgeschloss.

D’Justiz enquêtéiert awer weider iwwert aner Gelder aus Russland, de brittesche Virgin Islands an aneren Offshore-Plazen, déi an Immobilien zu Märel an der Uewerstad an zu Esch gefloss wieren.

Back to Top
CIM LOGO