LCGB an OGBL deele matOch bei Husky gëtt et e Plan de maintien dans l'emploi

RTL Lëtzebuerg
No Dupont Teijin, mellen d'Gewerkschaften elo, datt et och bei der Firma Husky zu Diddeleng en Accord fir e Plan de maintien dans l'emploi gëtt.

De Plang concernéiert 155 Salariéen a leeft bis den 31. Dezember. Wärend dëser Zäit gëtt et keng Licenciementer aus ekonomesche Grënn. Et solle vill Leit ëmgeschoult ginn.

An enger spezieller Begleet-Kommmissioun soll zesumme mat der ADEM reegelméisseg de Point gemaach ginn.

OGBL an LCGB luewen an engem Communiqué, nieft dem eegenen Engagement, och dee vun de Vertrieder vun den zoustännege Ministèren.

De Spezialist fir Goss a Schablounen ze sprëtzen hat rezent decidéiert, eng vu sengen Aktivitéite fale ze loossen.

PDF: Schreiwes vun LCGB an OGBL

Back to Top
CIM LOGO