DuPont de NemoursOffiziell Aweiung vun der neier Linn 8 a Presenz vum Grand-Duc Henri

Pierre Jans
Déi grouss Produktiounsfirma DuPont de Nemours ass zanter 1962 am Land an dat soll och nach laang sou bleiwen.
Produktiounsfirma DuPont de Nemours
Offiziell Aweiung vun der neier Linn 8 a Presenz vum Grand-Duc Henri

Dat beweist déi nei Produktiounslinn um Site zu Conter, wou Tyvek gemaach gëtt. Dat patentéiert a villsäitegt Material, fir dat DuPont Lëtzebuerg och wärend der Covid-Pandemie bekannt gouf wéinst de Schutzkostümer am Spidolssecteur.

Um Donneschdeg war déi offiziell Aweiung vun der neier Linn 8 a Presenz vum Grand-Duc Henri.

Richteg gäre mécht Dupont seng Dieren net fir Leit vu baussen op. Fir d‘Press geet et fir d‘éischt an e Container.
Do waarde wichteg Mataarbechter aus den USA a vun hei, déi Froe beäntwerten. Ënnert anerem: plangt DuPont d‘Zukunft hei?

Den Direkter vun DuPont Lëtzebuerg Paul Meyers äntwert: “400 Milliounen Dollar investéiert een net, wann een de Plang hätt, fir muer fortzegoen. Mir sinn immens houfreg, dass mir deen Investissement hei op Lëtzebuerg kritt hunn. En ass immens wichteg fir d‘Zukunft vum Standuert a fir eis Presenz hei zu Conter.”

De Réckhalt vun der Politik, net vill mä iergendwéi genuch gutt ausgebilte Leit um Aarbechtsmaart. Grënn fir ze bleiwen.

D‘Nofro nom Tyvek, dat sech jo net zerrappe léisst, ass weltwäit méi grouss ginn. Verpackunge fir Iessen a Medikamenter, Schaff- a Schutzkleeder a villes méi.

Wéinst Corona hat de Bau vun der 3. Produktiounslinn hei zu Conter an der 8. weltwäit sech verzögert. Elo goufen 130 zousätzlech Leit agestallt. Am Ganze schaffen der 850 hei zu Conter fir d‘Firma.

DuPont ass extrem virsiichteg, wann et drëms geet, wat de Grand Public ze gesi kritt. D’Produktioun selwer däerf net gefilmt ginn.
De Paul Meyers erkläert: „Den Ament gëtt et keen direkt Material, wat dem Tyvek Konkurrenz mécht. Obwuel Tyvek scho 60 Joer al ass. Mir verkafen awer vill an der ganzer Welt. Et ass e gutt Geschäft. Mir wëssen, dass aner Leit interesséiert sinn. Dofir si mir ganz virsiichteg, wiem mir wat weisen.“

De Grand-Duc Henri krut natierlech en Abléck hanner d‘Kulisse vum Betrib. Ëmmerhin huet hien déi nei Produktiounslinn mat ageweit.

Back to Top
CIM LOGO