Sozialwalen 2024OGBL, LCGB an ALEBA weise sech zefridden

Roy Grotz
Pierre Jans
En Dënschdeg waren d'Salariéen zu Lëtzebuerg opgeruff, fir wielen ze goen.
OGBL, LCGB an ALEBA weise sech zefridden
En Donneschdeg waren d’Salariéen zu Lëtzebuerg opgeruff, fir wielen ze goen.

No de Sozialwalen an de Betriber weise sech OGBL an LCGB zefridden - dat nodeems knapp 70% vun de 4.100 Betriber, wou gewielt gouf, d’Resultater matgedeelt hunn. Dëst mécht e Mëttwoch den Owend eng 2.800 Firmen aus, déi sech bei der ITM gemellt hunn.

Op d’ganzt Land gekuckt, sinn déi fräi Lëschten de grousse Gewënner mat enge 4.600 effektiv gewielten Delegéierten, wat 56% vun de Votten ausmécht.

Den OGBL kënnt op 26% mat global knapp 4.000 Mandater.

Den LCGB kënnt op ronn 2.200 Mandater, wouvunner eng 1.200 Delegéierter effektiv gewielt goufen. Dëst ass en Taux vun 14,3%.

D’ALEBA da stellt an Zukunft 350 effektiv Delegéiert, wat 4% vun de Mandater duerstellt.

OGBL gesäit sech als grousse Gewënner

Den OGBL gesäit sech e Mëttwoch den Owend an engem kuerze Schreiwes als de grousse Gewënner vun dëse Sozialwalen. Et hätt een d’absolut Majoritéit a ville Betriber kéinten halen. Weider Commentairë wëll den OGBL ginn, wann d’Resultater bis integral virleien.

PDF: Schreiwes OGBL

Back to Top
CIM LOGO