Vertrieder vum onofhängege Gewerkschaftsbond hunn e Méindeg de Moien zu Esch erkläert, d'Prioritéit wär, dass et net zu enger sozialer Kris am Fluchsecteur kënnt. E Stéchwuert do ass de Maintien dans l'emploi. Virum Hannergrond vun de villen Onsécherheete begréisst den OGBL de Sozialdialog an d'Invitatioun vum Minister Bausch. Der Gewerkschaft no missten och gemeinsam Léisunge fonnt ginn.
D'Zentralsekretärin beim OGBL fir de Secteur Michelle Cloos huet kloer gesot, datt bis elo net gesot gi wier, datt et Entloossunge géife ginn an datt dat och wichteg wier a positiv. D'Luxair géif hir Aktivitéite lues nees eropfueren, ma et géif nach vill Onsécherheete ginn:
"Ech mengen, mir wëssen haut net, wéi d'Summersaison wäert verlafen an do kënnen och vun Dag zu Dag Ännerunge kommen! Dir suivéiert et selwer: Et weess een haut net onbedéngt, wou ee muer ka fléien!“
Koordinatioun a Solidaritéit wären dowéinst néideg:
"Well wann ee Pilier an der Aviatioun wackelt, dann ass d'gesamt Gerüst, wat schwächelt."
De Staat hätt als Referenzaktionär am Secteur seng Responsabilitéit iwwerholl an de Minister Bausch ewell bei enger Entrevue den 22. Mee déi sektoriell Tripartite vun en Dënschdeg ugekënnegt. Dat wär e wichtegt Signal, sou d'Michelle Cloos, fir déi den Onofhängege Gewerkschaftsbond awer och prett ass, sollt een an der Tripartite net virukommen. Gemeinsam misst ee Léisunge fannen, z.B. och wat d'Investitiounen ugeet:
"Do schwätze mer net vu Peanuts, do schwätze mer scho vu Saachen, déi richteg Geld kaschten! An do ass et och wichteg, dass déi Saache geplangt an assuréiert ginn a finanziell ofgedeckt sinn!“
E Fuerderungskatalog hätt een um Méindeg net wëlle presentéieren, mä et géif ee mat klore Virstellungen an d'Reunioun vun en Dënschdeg eragoen.
Den LCGB hat am Virfeld vun der Tripartite eng Manifestatioun en Dënschdeg de Moie virum Mobilitéitsministère an och gefuerdert, datt d'Aarbechtsplazen an der Aviatioun missten ofgeséchert ginn. An nëmmen zesumme mam Personal an de Gewerkschafte kéint de Secteur fit bleiwe fir d'Zukunft. A fir dat ze garantéieren, wier eng Tripartite dat richtegt Instrument.