
Dat schreift den Naturpark Uewersauer an engem Schreiwes e Mëttwoch de Mëtteg.
Dat gëllt fir déi 6 Plagen um Stauséi: Ënsber "an der Baach" - Plage 1, "Fuussefeld" - Plage 2, Lëlz, Buerfelt, Léifreg an d'Rommwiss. Deemno soll d'Plaz op 10 Metercarré pro Persoun limitéiert sinn.
Den Accès op d'Plage samschdes a sonndes ass just nach mat valabeler Reservatioun méiglech. Reservéiere kann een um Site www.visit-eislek.lu oder iwwert déi gratis App Éislek. D'Reservatioun ass gratis an d'Tickete gëlle fir e ganzen Dag, vu 9 bis 17 Auer. An der Woch ass keng Reservatioun néideg.
Disponibel Plazen:
Ënsber: 800
Fuussefeld: 500
Lëlz: 200
Buerfelt: 300
Léifrg: 400
Rommwiss: 300