Äntwert op parlamentaresch FroOp net manner wéi 617 Plazen am Land ginn et zouen Deponien

RTL Lëtzebuerg
Dat sinn al Tippen, déi bis an d'80er an 90er Joren als Gemengen-Deponië genotzt goufen.

Den Ëmweltministère ass der Meenung, datt dës inaktiv Tippen no engem Zersetzungsprozess vun enge 4 Joerzéngte keng direkt Gefor méi fir d’Ëmwelt duerstellen.

Well awer de Buedem op engen 20 Tippe vum Reen ofgedroe gouf, kënnen do Plastik, Glas a Metall zum Virschäi kommen. Dëst ass u sech eng Exceptioun, seet den zoustännege Minister Serge Wilmes.

Dann ass et och d’Prezisioun, datt vun den iwwer 600 Tippen, vun deenen am Land gewosst ass, d’Responsabilitéit vum Ënnerhalt bei de Gemenge läit, wou dës Dechargen drop sinn.

Eng weider Bestandsopnam vun alle Sitten ass fir d’Joer 2027 geplangt, dëst zesumme mat den Experte vun der Naturverwaltung.

D’Froen ëm d’Tippen a méi speziell d’Deponie vu Kautebaach, haten d’DP-Deputéiert Bauler an Emering an enger parlamentarescher Fro un den Ëmweltminister formuléiert.

Back to Top
CIM LOGO