Chrëschtmäert zu Déifferdeng an EschOrganisateure sinn zefridde mat der Editioun 2021

Christophe Hochard
D'Chrëschtmäert zu Déifferdeng an Esch ginn op en Enn. No enger Paus 2020 hunn dës nees dierften organiséiert ginn, mä awer ënnert dem CovidCheck-Regime.
null
D’Chrëschtmäert zu Déifferdeng an Esch ginn op en Enn. No enger Paus 2020 hunn dës nees dierften organiséiert ginn, mä awer ënnert dem CovidCheck-Regime.

Ma wéi ass d’Geschäft gelaf an Zäite vu Pandemie an Aschränkungen?

Bilan Chrëschtmäert Süden / Reportage Sabrina Backes

Nieft den “Winterlights” an der Stad konnten d’Leit dëst Joer och an de Süden op verschidde Chrëschtmäert goen. Zu Déifferdeng, den Organisateuren no den eelste Chrëschtmaart am Land, ass een zefridden. Eng ronn 13.000 Leit si laanscht komm an hu vun enger Rei vun Aktivitéite profitéiert.

Den Tom Ulveling, 1. Schäffe vun der Gemeng Déifferdeng: „Mir hate jo och déi Dronen-Show, do hate mer iwwer 3.000 Leit, déi déi gekuckt hunn, dat war eng Première hei zu Lëtzebuerg. Et war net einfach, fir se ze organiséieren, mee mir hunn et hikritt. A wéi gesot, mir hunn hei relativ vill Animatioun, 24 Concerten hate mer a mir hunn 22 Buden, mir hunn eng Äispist an do wollt ech och nach soen, dass déi Äispist wärend der Vakanz wäert opbleiwen.“

Och de Chalet “Käschtefrënn”, dee säin Erléis un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner spent, ass zefridden.

Den André Gonderinger vun den “Déifferdenger Käschtefrënn": „Majo déi leschte Joren hu mer bal ëm déi 20.000 Euro gespent, wou mer awer kee Chrëschtmaart leider haten, an dat Joer virdru waren et iwwer 30.000 Euro. An do wäerte mer dëst Joer och bal drukommen.“

Och zu Esch ass een zefridden. D’Organisateure schwätze vu ronn 40.000 Visiteuren. Uganks war den Escher Chrëschtmaart och fir jiddereen accessibel, wat net laang gutt gaangen ass.

Dozou d’Brigitte Bintz, Sekretärin vum Syndicat d’Initiative vun Esch: „Also mer ware jo och déi, déi am Ufank guer net zou gemaach haten, wou mer awer du gemierkt hunn, dass mer freides iwwerlaf gi sinn a mer gemierkt hunn, dat geet net, mir mussen en zoumaachen, mir kënnen net anescht an eise Buergermeeschter ass direkt op d’Schinn gaange vun 2G.“

A béide Stied betounen d’Organisateuren och nach, dass d’CovidCheck-Kontrolle gutt verlaf sinn. De CovidCheck hätten déi meescht Leit och gutt opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO