
D’Stad Esch huet keng Autorisatioun ginn, dësen ëffentleche Raum ze notzen a gëtt dofir e Mëttwoch ënnert anerem vun den Escher Piraten kritiséiert. D’Gemeng géif Benevoller drun hënneren, ze hëllefen, bedaueren d’Piraten an engem Schreiwes. An engem Communiqué deelt d’Stad Esch hirersäits e Mëttwoch de Mëtteg mat, et géif een déi gutt Intentiounen vun den zwou Associatiounen “Street Angels” an “Neie Start” appreciéieren. Allerdéngs wéilt een de Schwächsten an der Gesellschaft méi strukturéiert a laangfristeg ënnert d’Äerm gräifen.
Spezialiséiert Servicer vun der Gemeng géifen dofir zum Beispill enk mat der Stëmm vun der Strooss zesummeschaffen. Déi zwou aner Associatioune wieren awer elo invitéiert, fir driwwer ze diskutéieren, wéi si hir Efforte mat an déi global Strategie kéinten afléisse loossen.