Hunn et op Mannerjäreger ofgesinnParquet ermëttelt géint Bedreiwer vu gewalttätegem Instagram-Profil

Ian Pocervina
Nodeems de Parquet d'Ermëttlung géint d'Bedreiwer vun engem Instagram-Profil opgeholl huet, mat deem gewalttäteg Contenue vu Mannerjärege sollten zirkuléiert ginn, warnen d'Autoritéiten, datt eleng d'Diffuséiere vu sou Material strofbar ass.
De Profil, géint deen ermëttelt gëtt, huet iwwer Instagram zu gewalttätege Videoen opgeruff.
De Profil, géint deen ermëttelt gëtt, huet iwwer Instagram zu gewalttätege Videoen opgeruff.
© ISMAIL ASLANDAG/Anadolu via AFP

De Parquet an d’Police hunn eng Enquête ageleet, nodeems hinnen e Profil op Instagram gemellt gouf, iwwer deen aktiv no gewalttätege Videoe gefrot gouf. An engem Communiqué gëtt präziséiert, datt d’Inhalter sech ënner anerem op “Gewalt duerch oder géint Mannerjäreger” konzentréiert sollen hunn, souwéi och “Kläppereien tëscht Jonken”.

Informatioune vum Parquet a vun der Police no ass d’Alerte iwwer dëse Profil e Méindeg den 20. Januar eragaangen. Op Ufro vum Jugendschutz-Departement vum Parquet gouf eng Enquête opgemaach, fir d’Fakte genee opzeklären an eventuell Responsabilitéiten z’identifizéieren.

Am Kontext vun dëser Enquête ënnersträichen d’Autoritéiten drun, datt d’Verbreedung vu gewalttätege Biller a Videoe schwéier mënschlech a juristesch Konsequenze kann hunn. Esou Inhalter géife “Gewalt banaliséieren a verherrlechen” an dobäi “d’Leed, d’Onsécherheet oder och d’Erniddregung” vun de Betraffenen ëffentlech maachen. Besonnesch am Fall vu Mannerjäregen wier dat net mat der “mënschlecher Dignitéit” an dem Jugendschutz kompatibel.

De Parquet weist drop hin, datt de lëtzebuergesche Code pénal et strikt verbitt, “Messagen oder Inhalter mat gewalttätegem oder pornografeschem Charakter hierzestellen, ze transportéieren, ze verbreeden oder ze deelen” – och iwwer sozial Netzwierker. Verstéiss kéinte strenge Strofe mat sech bréngen: D’Gesetz gesäit eng Prisongsstrof vun engem bis fënnef Joer vir, souwéi eng Geldstrof tëscht 251 an 75.000 Euro. Strofbar kënne souwuel d’Auteure vun den Inhalter wéi och Persounen sinn, déi dës weiderverbreeden oder deelen.

Am Kontext vun der Enquête géint d’Bedreiwer vum Instagram-Profil ruffen d’Autoritéiten dozou op, Sozial Medie responsabel ze notzen.

Back to Top
CIM LOGO