Bouf erwiergt PappParquet freet liewenslänglech Prisongsstrof fir de presuméierten Täter

Anne Wolff
Drëtten a leschte Prozessdag en Donneschdeg um Stater Geriicht géint e Mann, deen op Chrëschtdag 2022 säin 71 Joer ale Papp soll erwiergt hunn.
Bouf erwiergt Papp: Parquet freet liewenslänglech.
Drëtten a leschte Prozessdag en Donneschdeg um Stater Geriicht géint e Mann, deen op Chrëschtdag 2022 säin 71 Joer ale Papp erwiergt hat.

De Parquet freet eng liewenslaang Prisongsstrof an et ass en Donneschdeg nees speziell ëm de Rapport aus der Geriichtsmedezin gaangen.

Eng kruzial Fro war nach emol, wéi laang den Ugeklote sengem Papp muss den Hals mam Ënneraarm zougedréckt hu, bis dësen dorunner gestuerwen ass. Den Ugekloten hat uginn, dass d’Wiergen nëmmen 20 Sekonne gedauert hätt, an dass hie säi Papp just wollt berouegen, nodeems se an e Sträit gerode waren.
Fir d’Fro no der Dauer sécher ze klären, hat de Parquet nach emol d’Geriichtsmedezinnerin geruff, déi sech op Basis vun der Autopsie op eng Dauer 2-3 Minutte festgeluecht huet, och wann de Mann Vir-Erkrankungen hat.

Parquet : “D’Verletzunge sinn d’Resultat vun enger massiver Compression”

De Parquet huet sech dorops baséiert fir op e Meurtre, méi genee e Parricide ze plädéieren: Also en Doudschlag, wou den Ugekloten de Wëllen hat, säi Papp ëmzebréngen: “D’Verletzunge sinn d’Resultat vun enger massiver Compression”, esou de Parquet.

Hie gesäit am Liewenslaf vum Ugekloten eng problematesch Entwécklung, déi sech vun der Jugend un duerchzitt. Et géif och keng Ëmstänn, déi fir eng manner streng Strof géing schwätzen. De Parquet freet dofir eng liewenslänglech Prisongsstrof.

D’Defense huet argumentéiert, dass d’Geriichtsmedezinnerin sech net mat honnertprozenteger Sécherheet kéint op déi 2-3 Minutte festleeën, an et misst een d’Dauer vu Fall zu Fall kucken. Eng Argumentatioun, déi vum Geriicht schaarf kritiséiert gouf.

Den Affekot Christian Biewer bleift awer dobäi, dass den Ugeklote kee Motiv gehat hätt, säi Papp ëmzebréngen an och net de Wëllen. Dowéinst plädéiert hie Kierperverletzung mat Dout, deen net gewollt war (Art 409) wou eng Prisongsstrof vun 20-30 Joer dropsteet. Den Assassinat, also de Mord, wou nach d’Prémeditatioun dobäi kéim, ass um Donneschdeg de Mëtteg net vum Parquet gefrot ginn.

Back to Top
CIM LOGO