Trëppeltour mat déidleche Suitten zu LellegParquet huet Police chargéiert, den Oflaf vum Accident zu Protokoll ze huelen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg de Mëtteg zu engem déidlechen Tëschefall op engem Wanderwee am Oste vum Land.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi et heescht, ass e Mann wärend dem Trëppeltour vun engem Bam getraff ginn, deen ëmgefall ass. De 40 Joer ale Mann ass trotz Éischtversuergung op der Plaz u senge Verletzunge gestuerwen.

Et bleiwen den Ament nach vill Froen ëm dësen Tëschefall opstoen. Am RTL-Interview sot sech de Manternacher Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann déif getraff.

Trëppeltour mat déidleche Suitten zu Lelleg
Wéi d’Police mellt, koum et e Sonndeg de Mëtteg zu engem déidlechen Tëschefall op engem Wanderwee am Oste vum Land.

“Ech wëll natierlech als éischt emol der Famill an den Hannerbliwwene vum Verstuerwenen eist häerzlecht Bäileed ausdrécken. Ech mengen, mir waren alleguer schockéiert vun där Noriicht a mir wäerten dann elo natierlech d’Enquête ofwaarden, fir ze kucken, wéi eng Mesuren ze ergräife sinn.”

Vun en Dënschdeg u géif de Circuit awer scho gespaart ginn. Ënnert anerem bleift ze klären, ob de Bam laanscht de Wee krank war, respektiv firwat en ëmgefall ass. Och d’Scholdfro muss natierlech etabléiert ginn. D’Enquête géif bei de Parquet goen, heescht et vum Buergermeeschter.

De Parquet huet d’Police chargéiert, den Oflaf vum Accident zu Protokoll ze huelen. Weider preziséiert d’Justiz, dass de Mann mat senger Frëndin spadséiere war. Si gouf net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO