An der leschter RTL-Sonndesfro koum d'Partei op 2,6 Prozent. Virun de Wale wären et 1,1 Prozent gewiescht. Fokus géif "alternativ a vernënfteg" Äntwerten an eng Offer am Mëtt-Rietse Spektrum bidden.
Hefteg Kritik gouf et un den dräi grousse Parteien CSV, DP an LSAP, déi d’Land déi lescht 25 Joer net mat Wäitsiicht regéiert hätten. Si géife klotzen, wann et drëm géing, Walkaddoen ze verdeelen, awer kleckeren, wann et drëms géing, déi wichteg Problemer wéi Pensiounssystem, Logement a Gesondheetssecteur an de Grëff ze kréien.
D'Chambersessioun 2026-27 géif déi vun de Rekorder. An zwar a puncto Staatsschold, Stau, Waardezäiten an de Klinicken, engem opgeblosene Staatsapparat an engem Staat, deen esou vill géif ausginn, wéi nach ni. Et wär d'Joer, wou mer den "Héichpunkt vun der politescher Dekadenz erliewen."
Eng zentral Fuerderung vu Fokus ass d’Aféiere vun enger Zukunftskommissioun no finneschem Modell, déi Reformen a Staatsausgabe soll op hir Nohaltegkeet kontrolléieren.