Nato-Militärpräsenz a LitauenParticipatioun vun der Lëtzebuerger Arméi gëtt ëm 24 Méint verlängert

RTL Lëtzebuerg
Nach bis den 31. Dezember 2025 wäert d'Arméi un der "Enhanced Forward Presence" am baltesche Land Deel huelen.
© RTL Archiv

En deementspriechend groussherzoglecht Reglement gouf e Freideg am Regierungsrot gutt geheescht.

Zanter 2016 weist d’westlech Militärallianz Presenz un de Grenze mat Russland, eng Initiative déi no der russescher Invasioun vun der Ukrain ausgebaut gouf.

Donieft gouf d’Participatioun vun der Arméi un enger anerer Nato-Initiativ fir d’nächst Joer gutt geheescht, hei geet et ëm eng “Joint Task Force”.

Back to Top
CIM LOGO