
D'Lag gëtt den Ament als "volatil" bezeechent, dat well d'Neiinfektiounen sech wuel stabiliséiert hätten, ma d'Zuelen awer héich bleiwen, mat enger Moyenne vun 544 Fäll den Dag fir dës Woch.
D'Task-Force huet fir de Rapport d'Donnéeë bis den 9. Dezember evaluéiert.
D'Entwécklung wier weiderhin linear, obwuel méi streng Mesuren ergraff goufen. Am Rapport ass vun enger "Stagnatioun" rieds.
Wéinst dëser Observatioun schléisst d'Task-Force, dass verstäerkt Efforte musse gemaach ginn, fir d'Zuelen an e méi niddrege Beräich ze drécken. Eréischt da kéint een nämlech d'Entwécklung besser kontrolléieren, ass am Rapport ze liesen.
De partielle Lockdown hätt dann och net dat gewënschte Resultat bruecht, nämlech dass sech d'Situatioun entspaant. Déi erwaarte Wierkung kéint duerch "verstäerkt Shoppingaktivitéite fir d'Feierdeeg" negativ kompenséiert gi sinn.
D'Courbe vun den Infektioune sollt nees erofgedréckt ginn. "Eist soziaalt Verhale kann d'Entwécklung an déi eng oder déi aner Richtung veränneren", heescht et am Rapport vun der Covid19-Task-Force.
