D'Subventioune fir d'Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen an d'Inflatioun ze bremsen wäerten op iergend eng Aart a Weis d'nächst Joer verlängert ginn, esou de Premier Luc Frieden nom Comité de Suivi vun der Tripartite gëschter Owend.
Wéi eng Aart a Weise ginn et dann? Wéi eng Alternative gëtt et zur Géisskan? Mécht et Sënn, de Verbrauch vu fossiller Energie queesch duerch de Gaart ze subventionéieren, och wann et e Risiko vu Penurie gëtt?
Dat froe mir de President vum LCGB, de Patrick Dury de Moien hei op RTL. Mam Gewerkschaftler schwätze mer och iwwert seng Fuerderungen a rout Linnen, mee awer och, ob d'Problemer ëmmer weider mat Schold kënne geléist ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.