
245 Milliounen Euro huet de Staat am Joer 1999 ausginn, fir d’Pensioune vun de Beamten ze bezuelen. Dat lescht Joer waren 1.208.294.000 Euro. Dat präziséiert de Minister fir d’Fonction Publique Serge Wilmes a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo.
Kuckt een an d’Zukunft, esou wäert d’Zuel vun de Pensionären, déi virdru beim Staat geschafft hunn, weider eropgoen an domadder och d’Ausgabe fir de Staat. De Pensiounsfong vum Staat “geréiert keng Reserven”, präziséiert de Minister a senger Äntwert, deen och matdeelt, datt de Staat zanter Joren dowéinst Sue bäileet. Dës Depense sinn och am Staatsbudget virgesinn.
Am Detail heescht dat, datt déi Suen, déi duerch d’Cotisatioune vun den aktuelle Staatsbeamten erakommen, bei wäitem net duerginn, fir déi aktuell Pensioune vun de fréiere Beamten ze bezuelen. Fir dat ze kompenséieren, si fir dëst Joer 900 Milliounen Euro virgesinn. Dee Montant wäert an den nächste Joren och weider an d’Luucht goen.
2023 kruten iwwregens 13.944 Leit esou eng Pensioun ausgestallt. Bis 2027 wäert dës Zuel op iwwer 15.000 klammen. Vun 2026 u rechent de Staat domadder, datt ee selwer iwwer 1 Milliard Euro d’Joer muss bäileeën.
Wie gëtt aus dësem Pensiounsfong bezuelt?
De Pensiounsfong fir d’Staatsbeamte gëtt et an dëser Form zanter 1999. E bezilt d’Pensioune vun de Leit, déi fir de Staat geschafft hunn, awer och fir déi, déi an de Gemengen aktiv si respektiv bei den CFL schaffen. An den Héichrechnunge vun den nächste Jore kann ee gesinn, datt een 2027 knapp 1,5 Milliarden Euro brauch, fir all d’Pensiounen ze bezuelen. De Staat misst da selwer 1,1 Milliarden Euro bäileeën. D’Steieren, déi bäigeluecht ginn, also maachen an där Rechnung 74% vum ganze Montant aus, deen een an noer Zukunft wäert brauchen, fir d’Pensiounen ze bezuelen.