Link mat falscher InternetsäitPensiounskeess warnt viru Phishing-SMSen an hirem Numm

RTL Lëtzebuerg
D'Pensiounskeess warnt aktuell viru Phishing-SMSen, an deenen e Link steet, deen op eng falsch Internetsäit féiert.
Per SMS probéieren Onéierlecher, Leit op e falschen Internetsite ze lackelen.

D‘Pensiounskeess lancéiert den Owend en Appell, opzepassen op Phishing-SMSen an hirem Numm, duerch deen Onéierlecher probéieren, un d‘Bankdonnéeë vun de Clienten ze kommen. Et géife Messagë verschéckt ginn, an deenen d‘Leit gefrot ginn, op e Link ze klicken, duerch dee si dann op eng falsch Internetsäit kommen. Dowéinst de Rappell: déi richteg Säit vun der CNAP ass cnap.public.lu.

Allgemeng géif et aktuell eng Rei falsch Sitten am Numm vum Centre commun vun der sécurité sociale, der CNS oder der Firma Luxtrust, fir d‘Donnéeë vun de Leit ze klauen, heescht et weider am Schreiwes vun der CNAP.

Back to Top
CIM LOGO