FéizPersoun brécht a Supermarché an, ma gëtt vu Sécherheetsbeamten iwwerwältegt

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt en Abroch an engem Akafszentrum zu Féiz e Freideg de Mëtten.

D’Sécherheetsbeamte vum Akafszenter konnten den Déif festhale bis d’Police op der Plaz war. Wéi sech erausgestallt huet, war de Mann der Police scho bekannt. Et gouf eng Notiz un d’Friemepolice gemaach an de Mann ass an de Centre de Rétention bruecht ginn.

Agebrach gouf an de leschte Stonnen dann och direkt e puer Mol an Autoen. Dat ënnert anerem an der Rue Principale zu Téiteng, um Boulevard Prince Henri an der Stad, esou wéi och zu Beetebuerg. Et wieren all Kéiers Wäertgéigestänn geklaut ginn.

E Freideg de Mëeteg war der Police en Auto gemellt ginn, deen op der Autobunn geféierlech gefuer ass. Bei der Kontroll konnt d’Fuererin keng gülteg Versécherung virleeën, doropshin huet de Parquet decidéiert, dass den Auto confisquéiert soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO