PolicePersoun menacéiert an iwwerfall, Abréch zu Biergem a Bartreng

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf eng Persoun op der Gare zu Péiteng menacéiert an iwwerfall.
© Envato Rawf8

Dräi onbekannt Täter hunn d’Persoun, wéi si aus dem Zuch geklommen ass, festgehalen a si mat engem Messer menacéiert. Si wollten den Handy vum Affer kréien. Wéi d’Dot passéiert war, sinn d’Täter fortgelaf. D’Ermëttlunge lafen.

Abréch gouf et dann nach ënner anerem zu Bartreng an zu Biergem. Zu Bartreng hunn d’Bewunner an Abriecher erwëscht, deen an de Raum, wou d’Vëloe stinn agebrach war. Hien ass mat engem geklaute Vëlo fortgelaf. Zu Biergem waren déi Onéierlech wuel iwwert den Daach vun der Garage un eng Fënster am éischte Stack komm, déi si opgebrach hunn. Si konnte Bijoue klauen.

Back to Top
CIM LOGO