
Kuerz no 14 Auer gouf eng Persoun an der Avenue de la Liberté an der Stad vum Tram ugestouss. D’Ambulanz, d’Pompjeeën an de Samu waren op der Plaz, fir dem Blesséierten ze hëllefen.
Bannent enger gudder Stonn goufen dem CGDIS da jeeweils Kollisiounen tëscht zwee Autoen op dräi verschiddene Plaze gemellt. Op der Wemperhaart waren um 14:24 Auer an der Strooss Op der Haart zwee Gefierer aneneegerannt, woubäi sech eng Persoun blesséiert hat. Ee Blesséierte gouf et um 15:12 Auer dann och zu Crauthem. Hei krute sech zwee Autoen an der Industriezon Am Bruch ze paken. Eng lescht Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et dann nach um 15:34 Auer op der A4 tëscht der Sortie Leideleng-Süd an der Aire de Pontpierre. Bei dësem Accident goufen zwou Persoune blesséiert.
Um 15:46 Auer war dem CGDIS dann nach eng blesséiert Persoun gemellt ginn, déi zu Rodange an der Route de Longwy vun engem Auto ugestouss gouf.