
Dës Petitioun ass eng vun 8 neien, déi zanter e Mëttwoch de Moien um Site vun der Chamber online sinn a bis den 23. August op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte brauchen, fir dass et zu engem Debat kënnt. De Petitionär fuerdert, datt jiddereen, och Frontalieren, 2 Deeg Homeoffice pro Woch solle kréien. Dës géif d’Deplacementer limitéieren an de Impakt op d’Ëmwelt erofsetzen.
Eng aner Petitioun fuerdert, fir d’Menagen z’entlaaschten, déi amgaange si mat bauen, soll den Taux vun der TVA op 3 Prozent erofgesat ginn. Dat temporär, well aktuell d’Präisser vum Baumaterial séier klammen.
Datt de Pass 10 Joer amplaz just 5 valabel wier, wier am Sënn vun der Nohaltegkeet, schreift e weidere Petitionär.
Dann ass nach eng Petitioun ugeholl ginn, déi en nationale Plang fir d’Ëmsetzung vum Déiereschutz fuerdert an eng, déi fuerdert, datt Fraen, déi an engem Traitement vu kënschtlecher Befruchtung dra sinn, e Krankeschäi solle kréien.
2400: Augmentation temporaire du montant total de la faveur fiscale résultant de l’application du taux super-réduit de 3 % pour les nouvelles constructions de 50.000 EUR à 150.000 EUR
2397: Pass 10 Joer valabel
2392: Permis de conduire - Fahrerlaubnisrecht -. Gegenseitige länderübergreifende Anerkennung der Führerscheinerweiterungen - B196 (Deutschland) und B100 (Luxemburg)
2391: Établir des procédures d’enquête médico-légales professionnelles obligatoires dans tous les cas signalés d’abus d’enfants.
2386: Abolition du Conseil de Sécurité de l’ONU
2384: 2 jours de télétravail par semaine pour tous, y compris les frontaliers
2382: Fir en nationale Plang fir d’Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz
2381: Pour l’absence et protection des salariés (Femmes ou hommes) recouvrant à la procréation médicale assistée (PMA) Fir de Fraen en Congé de maladie ze erméiglechen am Zesummenhang mam Traitement vun der kënstlecher Befruchtung
Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.