Oppositiounspartei zitt BilanPiraten: "Do picken, wou et wéi deet"

Anne Wolff
D'Chamber gëtt elo awer gewuer, ewéi d'Spritpräisser zesummegesat sinn. Doriwwer huet sech de Piratendéputéierte Sven Clement e Méindeg gefreet.
© François Aulner / RTL

De Parteichef an den anere Piratedéputéierte Marc Goergen haten d’Press e Méindeg de Mëtteg an de Restaurant agelueden, fir hire Bilan vum leschte Joer ze presentéieren an d’Aktualitéit ze kommentéieren. Datt d’Regierung laang refuséiert huet, matzedeelen, wéi d’Formule, fir d’Spritpräisser festzeleeën, funktionéiert, géing weisen, ewéi schwéier sech Blo-Rout-Gréng mat Transparenz géing doen. An et géing weisen, datt d’Piraten “do picken, wou et wéi deet”.

D’Piraten zéie Bilan / Rep. François Aulner

Fir déi zwee Piraten an der Chamber, Membere vun der Oppositioun, géingen d’Regierungsparteie sech just nach wëlle bis déi nächst Walen am Oktober Joer 2023 retten. Dobäi misste grad elo an der Kris waarm Eisen ugepaakt ginn.

Beispill: eng Steierreform bei där d’Mëttelschicht an déi kleng Verdénger entlaascht ginn a fir dat ze finanzéieren, méi en héije Spëtzesteiersaz agefouert gëtt. “Mee mir gesinn et net”, sou de Sven Clement, dee sech freet ewéi et kéint sinn, datt eng DP bei finanzpoliteschen Themen déi zwou “soi-disant méi lénk Parteien” viru sech dreiwe kann.

Anert Beispill: d’Energie. D’Pirate fuerderen, datt gespuert gëtt an dofir och en Enn vum Tanktourismus. “Ech weess, mir Pirate, mir sinn och an all ADR-Video, wa mer eppes géint de Pëtrol soen, mee mir bleiwen awer konsequent dobäi”, sou de Marc Goergen. Am selwechten Otemzuch fuerderen hien an de Sven Clement awer och méi Ënnerstëtzung fir déi Leit, déi guer net kënnen op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen. Mat méi Kilometerpauschal oder engem Steierkredit.

Porsche Cayenne a Fiat500

Ass et net widderspréchlech, wann d’Piraten engersäits soen, et misst ee manner Sprit verbrauchen, mee gläichzäiteg soen, et misst een de Leit Sue gi fir de Sprit? “Nee”, seet de Sven Clement. Déi Hëllef géing bis op e gewëssene Verbrauch goen: “Dat schützt déi Kleng, déi op hire Fiat500 ugewise sinn, fir op d’Aarbecht ze fueren, mee deen dee mam Porsche Cayenne op d’Aarbecht fiert oder op Monaco, fir an de Casino ze goen, dee kann awer gäre fir säi Bensinn e bësse méi bezuelen”.

D’Pirate froen donieft méi Invest an d’erneierbar Energie, déi och bei deene Leit ukënnt. Mat engem Klimabonus oder enger Virfinanzéierung vu Solarpanels zum Beispill. Oder – “soyons fous” - sou de Sven Clement: de Staat kéint direkt e “Power purchase agreement” maachen. Sou kéinte Leit eng Solaranlag gratis installéiert kréien. De Staat géing 12 Joer laang d’Revenuen dovunner akasséieren an am 13. Joer géingen d’Leit d’Installatioun geschenkt kréien.

D’Piratendéputéiert soten, si hätten zu zweet bal esou vill parlamentaresch Froe vun d’Regierung gestallt ewéi d’CSV mat 21 Deputéierten. Virun allem géinge se sech awer net packen, wann et drëm geet Affären opzewullen oder opzeschaffen. Oder wéi si wéi gesot soten: “Do picken, wou et wéi deet.”

Back to Top
CIM LOGO