Stad an UewerkäerjengPolice mellt eng Rei opgebrachen Autoen an Alkohol hannert dem Steier

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt en Donneschdeg de Moien zwee Fäll aus de leschte Stonnen, an deenen an Autoen agebrach gouf.
© Envato

E Mëttwoch den Owend huet sech an der Rue du Fort Wedell am Garer Quartier ee Kriminellen Zougang zu engem Auto verschaaft an huet de Rucksak, deen am Won louch, matgoe gelooss. Eng Sich nom Déif ass ouni Erfolleg bliwwen.

Um fréien Donneschdeg de Moie gouf dann och nach an een Auto an der Cité Bommelscheuer zu Uewerkäerjeng agebrach, wéi aus dem Policebulletin ervirgeet. Éischten Informatiounen no wieren ënnert anerem eng Jackett a Boergeld geklaut ginn.

A béide Fäll goufen d’Ermëttlungen opgeholl. Tipps dozou, wéi een esou Abréch kann evitéieren, fannt Dir iwwerdeems hei um Site vun der Police.

An zwee Fäll haten e Mëttwoch den Owend dann och nach zwee Chaufferen ze déif an d’Glas gekuckt. Géint 21.25 Auer gouf et een Autosaccident op der N7 tëscht Veianen a Furen gemellt. Éischten Informatiounen no wier een Auto an enger Kéier op e Wee nieft der Strooss gefuer. D’Autosfuererin gouf getest an et huet sech erausgestallt, datt si ze vill gedronk hat. Et gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint si ausgeschwat.

En Donneschdeg am fréie Moie gouf et géint 1.55 Auer dann och nach en Accident zu Colmar-Bierg, op der Héicht vun der Rue d’Ettelbruck. De Chauffer war vun der Bunn ofkomm an ass géint zwee Verkéiersschëlder gefuer, ier en dunn och nach mat enger Hausfassad kollidéiert ass. Och hei war den Alkoholtest positiv an hien huet säi Fürerschäi missen ofginn. De Chauffer koum du fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO