Aggressiv an onroueg NuechtPolice muss bei ronn 20 Kläppereien a Streidereien intervenéieren

RTL Lëtzebuerg
Gemellt kruten d'Beamten och iwwer 20 Fäll, an deene sech net un d'Nuetsrou gehale gouf.
© Police (Archive)

Géint Hallefnuecht e Sonndeg krut d’Police eng Kläpperei virun enger Bar um Boulevard Prince Henri zu Esch gemellt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz sinn d’Beamten op eng Dose Persoune getraff, déi gejaut a sech net kooperativ gewisen hunn. Och d’Affer war nach op der Plaz a gouf vum Rettungsdéngscht an d’Spidol bruecht. D’Police huet all d’Leit kontrolléiert an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

Wéi et weider am Police-Bulletin heescht, hunn d’Beamten an der Nuecht op e Sonndeg wéinst ronn 20 Kläppereien oder diverse Streidereie missen agräifen.

Da koum et och zu haislecher Gewalt. Op Uerder vum Parquet goufen zwee Verweiser ausgeschwat.

Gemellt kruten d’Beamten och iwwer 20 Fäll, an deene sech net un d’Nuetsrou gehale gouf. Dës Asätz konnten all op der Plaz gereegelt ginn.

4 Persounen hunn d’Nuecht am Arrest verbruecht

E Sonndeg de Moien huet sech en alkoholiséierte Mann e Spaass draus gemaach, fir ëmmer nees bei der Police zu Déifferdeng un der Dier ze schellen an da fortzelafen. Wéi d’Beamte virun d’Dier gaange sinn, huet de Mann probéiert, fir fortzelafen. Op Grond vu sengem Zoustand huet hien d’Nuecht am Arrest verbruecht.

Eng weider Persoun gouf géint 4 Auer zu Esch am Arrest ënnerbruecht. Hien huet op der Strooss haart gejaut a war aggressiv.

An dann hunn nach zwou Persounen an der Stad d’Nuecht am Arrest verbruecht. Och si hu sech aggressiv verhalen, hunn d’Beamte beleidegt a wollte sech net berouegen loossen.

Back to Top
CIM LOGO