Um SamschdegPompjeeë rette 4 Kazen aus Brand a Residenz zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg am spéiden Nomëtteg huet et op dem 2. Stack vun enger Residenz zu Diddeleng gebrannt.
© CGDIS

D’Feier konnt séier geläscht ginn. Aus der Wunneng goufe 4 Kazen vun de Pompjeeë gerett, déi zur Sécherheet an Déiereklinik koumen.

Beim Brand gouf kee blesséiert, de Saachschued ass héich.

Back to Top
CIM LOGO