
Eemol wéinst Diffamatioun, duerch Posts, déi de Peter Freitag an de soziale Medie geschriwwen huet, an eemol géint de Virolog Dr. Claude Muller, well hien an Zeitungsartikelen Aussoe gemaach huet, déi verschiddene Leit net gefall hunn. Him gëtt da vun dësen Opruff zum Haass virgehäit.
Ëm 9 Auer e Méindeg de Moien huet sech virum Geriicht e klenge Grupp vun eppes ënner 30 Leit versammelt, fir de Peter Freitag z’ënnerstëtzen, géint deen de Psychiater Jean-Marc Cloos an eng Doktesch Plainte gemaach hunn. De Peter Freitag ass bekannt an der Zeen vun de Corona-Skeptiker a Corona-Leuger an trëtt och op Demonstratiounen als Porte-parole op. Och eng 12 Police-Beamte waren an der Cité judiciaire present, fir dee klenge Grupp ze observéieren.
Grond fir d’Citation directe, bei där en Datum fir d’Affär fixéiert gouf, war e Post, deen de Peter Freitag ënnert en Artikel vun der Doktesch Alix Schmit gemaach hat, deen de Jean-Marc Cloos an de soziale Medie gedeelt huet. Hei huet de Peter Freitag ënner anerem kommentéiert, datt et géing duergoen, datt “Schüler vum Dr. Mengele” eng Plattform géinge kréien a Wierder wéi “Nazien am Geescht” an “Coronanazien” benotzt. De Peter Freitag bleift awer vu senger Onschold iwwerzeegt.
De Grond vun der Citation directe wier bekannt: Diffamation, calomnies. “Meng Usiicht ass, wiem Jackett mooss ass, deen deet sech se un”, sou de Peter Freitag. Hien erwaart sech deemno e Fräisproch.
Gedanken, Jugementer an Emotioune wiere fräi, an et wier alles eng Saach vun der Interpretatioun vun der Géigesäit, mengt hien. Hien hätt net dozou opgeruff, datt Leit hie sollen ënnerstëtze kommen. Hie géing ni zu eppes opruffen. Vu sengen Ënnerstëtzer wollt keen eppes an de Mikro soen. D’Affär gouf op den 19. Abrëll fixéiert. Genau sou wéi eng aner Affär, déi am Zesummenhang mat Aussoen am Zesummenhang mat der Pandemie steet, déi ëffentlech gemaach goufen.
Och géint de Virolog Dr. Claude Muller gouf eng Plainte gemaach. Him gëtt Opruff zum Haass virgehäit, wéinst Aussoen, déi hien an diversen Zeitungsartikele gemaach huet. Plainte gemaach hunn och an dësem Fall zwou Persounen. Béid engagéiere sech op deem ëmstriddenen Internetsite “Expressis Verbis”, op deem dacks extrem ëmstridden Theorië bis hin zu Onwourechten iwwert d’Covid-Pandemie publizéiert ginn.