Reouverture GrondschoulPreparatioun fir de 25. Mee an der Grondschoul um Beispill vun 2 Gemengen

Monica Camposeo
RTL war an zwou Gemengen kucken, eng grouss am Süden an eng méi kleng am Norden, wéi se sech Punkto Grondschoul organiséieren.
Reouverture Grondschoul
RTL war an zwou Gemengen, eng grouss am Süden an eng méi kleng am Norden, kucken, wéi se sech Punkto Grondschoul organiséieren.

Zu Buerschent komme ronn 160 Kanner aus den 8 Dierfer an déi zentral Grondschoul. Do stellt sech virun allem d’Fro, wéi de Schoultransport soll organiséiert ginn, fir dass sech d’A- an d’B-Gruppen net vermëschen. D'Annie Nickels-Theis, CSV-Buergermeeschtesch Buerschent: "Do musse mer elo d’Äntwerte vun den Elteren analyséieren, wie wéini a wéi engem Transport wäert sëtzen. Dat musse mer mat de Busfirmae klären, ob déi d’Capacitéiten hunn, fir Buschaufferen a Bussen zur Verfügung ze stellen. An och d’Erausfuerderung fir Begleetpersonal ze fannen, fir dann och an de Busse matzefueren."

D’Schoulgebai zu Buerschent hätt den Atout, dass bal all Klassesall eng eegen Entrée kéint kréien, sou dass sech d’Gruppen net kräizen. Dobanne gëtt da mat enger Signalisatioun um Buedem geschafft.

"Am Ufank hate mer och do geduecht, fir mat Trennwänn ze schaffen. Mee dat stellt eis da virun eng aner Problematik, also mir musse jo awer fir d’Securitéit am Gebai suergen, d’Fluchtweeër esou oploossen, wéi se solle sinn. Dofir huet et sech hei schwéier erwisen, fir Trennwänn ze maachen, dofir gi mir op de Wee mat enger Signalisatioun um Buedem, wou d’Kanner dann och gesinn, wou si sollen eragoen a wou si sollen erausgoen."

Och an der Gemeng Suessem lafen d’Preparatioune fir d’Rentrée op Héichtouren. Ma et wier elo virun allem Kreativitéit gefrot: Zum Beispill kéinten d‘Klassen jo och emol erausgoen.

De Georges Engel, LSAP-Buergermeeschter Suessem: "Ech sinn der Meenung, dass ee vun deem klengsten Alter bis an d‘6. Schouljoer, also bis an de Cycle 4, ka mat de Kanner erausgoen. Et muss ee sech just de Gegeebenheeten upassen, de Kanner upassen. Mee all Kand kann dobausse sinn an dat ënnerstëtze mir och voll a ganz."

Elo heescht et, sech unzepassen an dat Bescht aus der Situatioun ze maachen. Ma et bleiwen awer nach eng ganz Partie Froen op, notamment wéi d’Kanner op déi nei Reegele reagéieren.

"Wat eng Erausfuerderung bleift, ass natierlech, all déi Hygiènesmoossnamen och anzehalen. D’Kanner musse sech dru gewinnen, d’Kanner mussen dat verënnerlechen. Och d’Personal muss mol domadder eens ginn. Ech hoffen och, dass dat net no zwou Wochen esou e klenge Laissez-faire gëtt. Dass een dat da vläicht net méi sou ganz genee hëlt. Dat mierkt ee jo och elo bëssen u sech selwer. Dat dierf net de Fall sinn."

Back to Top
CIM LOGO