Invité am JournalPresident vu Médecins du Monde Lëtzebuerg, den Dokter Bernard Thill

Monica Camposeo
D'Corona-Kris ka jiddereen treffen, mä dacks trëfft et déi am häertsten, déi sou wéi sou schonn an eiser Gesellschaft benodeelegt sinn.
Dokter Bernard Thill war Invité op der Tëlee
D’Corona-Kris ka jiddereen treffen, mä dacks trëfft et déi am häertsten, déi sou wéi sou schonn an eiser Gesellschaft benodeelegt sinn.

Mënschen, déi dat soziaalt Netz net opgefaangen huet an déi kee gudden Zougang zu medezinescher Versuergung hunn. Deenen hëllefen, och dat ass d’Zil vu Médecins du Monde. Datt Hëllef dréngend néideg ass, weist och den neiste Rapport vun der Organisatioun. De President vu Médecins du Monde Lëtzebuerg, den Dokter Bernard Thill, war e Méindeg den Owend eisen Invité am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Wéi ass an Europa den Accès zu medezinesche Soinen? Déi Fro stellt sech Médecins du Monde all Joer an hirem Rapport. D’Dokument, dat e Sonnde publizéiert gouf weist, dass nach ëmmer Leit net de néidegen Zougang zum Gesondheetssystem hunn.

Och hei zu Lëtzebuerg gëtt de Service vu Médecins du Monde an Usproch geholl, dacks vu Persounen, déi a ganz prekäre Situatioune liewen. Duerch d’Pandemie hätt sech de Besoin an der Zäit vu Mäerz bis Juli d’lescht Joer hei am Land verduebelt, sot den Dr. Bernard Thill vu Médecins du Monde Lëtzebuerg.

Dorënner wieren haaptsächlech Leit, déi hir Aarbecht verluer hunn, wéi d’Gastronomie oder och nach d’Chantieren am leschte Fréijoer op eemol hu missen zoumaachen. Dës Leit hätten da keng Sue méi gehat fir bei den Dokter ze goen oder am Fall vun enger chronescher Erkrankung, hir Medikamenter kafen ze goen. Leit, déi Interims-Kontrakter haten, hunn dann och de Service vu Médecins du Monde genotzt, well si ouni Krankeversécherung waren.

Duerch déi verstäerkt sanitär Mesurë waren déi dacks benevolen Doktere vu Médecins du Monde och an der Wanteraktioun oder dem Abrigado. Leit, déi eng Drogesucht hunn, haten et duerch de Lockdown och méi schwéier un hir Drogen ze kommen, wat zu gesondheetleche Problemer gefouert hätt, esou nach den Dokter Bernard Thill.

Mat der Croix Rouge gëtt et da schonn eng Fleegestruktur fir Leit ouni doheem an ouni Krankeversécherung. Ma déi wier awer an der Nout vun der Pandemie entstanen a ka lo just nach bis Enn Mäerz garantéiert ginn. No enger Alternativ gëtt awer gesicht, well däitlech gi wier, dass eng Lacune besteet. Leit, déi gesondheetlech Problemer hunn, kéint een net op der Strooss loossen, dat wier géint d’Ethik vu Médecins du Monde.

Dowéinst begréisst den Dr. Thill och, dass d’Santé eng universell Couverture vun de Gesondheetsservicer wëll aféieren. Esou soll jiddereen eng medezinesch Behandlung kënne kréien. Bal 1000 Leit pro Joer betreit Médecins du Monde, 85% vun hinnen hu keng Krankeversécherung. Dowéinst wier déi geplangte Couverture Universelle des Soins de Santé och esou wichteg. An dëse Schrëtt géing weisen, dass d’Santé de Problem erkannt huet an eescht hëlt.

Den Ament organiséiert Médecins du Monde och Aktiounen, fir souwuel éischt Impfunge géint de Covid19 ze maachen, wéi och Boosteren. Eng 700 Persounen hu bis ewell scho vun der Offer profitéiert. Dass Leit hei am Land keen Accès zu medezinesche Soinen hunn wier net zoumuttbar, esou nach den Dr. Bernard Thill vu Médecins du Monde. Wann ee bedenkt, dass de Wuelstand hei am Land jo awer zimmlech héich ass.

Back to Top
CIM LOGO