
Aus engem Geschäft soll geklaut gi sinn. Eng Policepatrull konnt déi zwee Verdächteg op der Plaz nach untreffen. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech dunn erausgestallt, datt déi presuméiert Déif an der Vergaangenheet scho mat änlechen Doten a Verbindung bruecht gi waren. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl.
Zwou weider Festname gouf et e Mëttwoch am Nomëtteg zu Bouneweg an der Route de Thionville. Do war de Beamten ee Mann mat enger Waff gemellt ginn. Eng Patrull op der Plaz konnt zwou verdächteg Persounen ermëttelen an net wäit ewech gouf dann och eng Waff fonnt, déi doropshi saiséiert gouf.
Bei enger Fouille vu béide Persounen huet d’Police bei engem Mann Kokain, Boergeld an een Handy fonnt, deen aneren hat Tabletten, Boergeld an een Handy derbäi. Beim zweete Verdächtege goufen iwwerdeems nach Friemkierper am Mond fonnt.
Duerch ee Scan konnten am Kierper vum Verdächtege weider Friemkierper fonnt ginn. Béid Verdächteger goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.