Virfall an der Nuecht op e MëttwochPresuméierten Täter vu Messerattack zu Rëmeleng festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Perquisitioun beim Mann konnten Handyen, Drogen an eng Schosswaff saiséiert ginn. Hien huet Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf kuerz viru Mëtternuecht eng Kläpperei tëscht 2 Männer zu Rëmeleng gemellt. D’Police huet d’Affer vun der Messerattack an der Rue Jean-Pierre Bausch liicht verwonnt opfonnt. De Mann gouf an d’Spidol bruecht. Ee Messer war och fonnt a saiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO