
Et hätt och schonn e Gespréich tëscht dem Ministère an dem private Radiologie-Zenter ginn. E Mëttwoch de Moien hat den 100komma7 iwwert dëse Verbuet fir “Hygie Imagerie” bericht.
Op Nofro beim Ministère krute mir matgedeelt, dass decidéiert gouf, alleguerten d’Aktivitéite mat dësen Apparater ze stoppen, mat der Verflichtung, Patienten, déi schonn e Rendezvous fixéiert haten, op déi 4 Haaptspidolszenteren ze verdeelen. Hei soll jee no Drénglechkeet vun der Ufro tranchéiert ginn.
Säitens dem Ministère géif een dann och derhannert bleiwen, dass sech hei an Zukunft och dru gehale gëtt.