Lëtzebuerg ass ee Virbild a Saache Méisproochegkeet. Am internationale Verglach sinn déi vill Sproochen, déi mir hei schwätzen, eng Stäerkt, mee huet dëse Modell och seng Grenzen?
Wéi kann d'Sprooch an engem multikulturellen Ëmfeld bestoe bleiwen, an och an Zäite vu Soziale Medien an der Kënschtlecher Intelligenz mathalen?
Doriwwer diskutéiere mir de Moie mam Prof. Dr. Henning Lobin, hien ass de Wëssenschaftlechen Direkter vum Leibniz-Institut für Deutsche Sprache a kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.