
D'Finanzéierungsgesetz vu 76 Milliounen Euro fir de Projet Elmen gouf e Mëttwoch de Mëtteg unanime an der Chamber ugeholl. Konkret geet et ëm déi 1. vun am ganzen 3 Bauphase vun engem neie Quartier an der Gemeng Kielen. Mam éischte PAP wäerten 388 Unitéite gebaut ginn, d'Hallschent dovun Haiser, déi aner Appartementer.
25% vun de Wunnenge wäerten zu "Elmen" verlount ginn, 75% gi per Emphyteose verkaf. An enger éischter Phas gi 85 Wunnunitéiten, eng Schoul, e Centre commercial an och - culturel gebaut ginn. Vu Säite vun der CSV an och déi Lénk, déi d'Finanzementgesetz matgestëmmt hunn, war et allerdéngs d'Kritik, datt d'Locatioun weider an d'Luucht gesat misst ginn.