PoliceProvisoresche Fuerverbuet zu Stroossen an dräi Permise bei Kontrolle fort

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend krut d'Police en Accident mat engem wuel alkoholiséierte Chauffer an der Areler Strooss zu Stroossen gemellt.
© RTL Archivbild

Éischten Informatiounen no wier den Automobilist fir d’éischt an e geparkte Won gerannt, dono nach an eng Heck, wier awer weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Eng Policepatrull huet de gemellte Chauffer kuerz drop ausgemaach, deen effektiv ze déif an d’Glas gekuckt hat a sech och aggressiv beholl huet. En Alkoholtest huet hien dunn och refuséiert, wat him e provisoresche Fuerverbuet abruecht huet.

Alkoholkontrollen zu Fëlschdref an Altwis

Op Uerder vum Parquet stoung d’Police an der Nuecht op e Freideg tëscht 23 Auer a Mëtternuecht op der N16 zu Altwis ze kontrolléieren, tëscht 00.45 an 01.45 Auer dann nach emol an der Lëtzebuerger Strooss zu Fëlschdref.

111 Automobilisten goufen am Ganze kontrolléiert, och ouni Indice op Alkoholkonsum. An 8 Fäll war den Test positiv an e Protokoll gouf ausgestallt, 3 Permise goufen nach op der Plaz agezunn an 3 Mol gouf géint de Code de la Route An verstouss.

Presuméierten Déif am Gronn festgeholl

An der Nuecht op e Mëttwoch huet d’Police dann nach ee presuméierten Déif festgeholl, deen an ee Café am Gronn an der Rue de Munster soll agebrach sinn. D’Police hätt de Verdächtegen nach am Café selwer kënne stellen. Bei enger Fouille hunn d’Beamten ee Messer beim Mann séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an e Mëttwoch am Nomëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO