Gemeng DuelemPutsch géint den Éischtgewielten deit sech un

Diana Hoffmann
De Beschtgewielte Romain Kill wéilt Buergermeeschter ginn, kritt awer net déi néideg Majoritéit hannert sech.
© RTL (Archiv)

An der Majorzgemeng Duelem, am Kanton Réimech, annoncéiert sech no de Walen eng Iwwerraschung. Et gesäit ganz dono aus, wéi wann de meeschtgewielte Polit-Newcomer Romain Kill mat knapp 600 Stëmmen net de Buergermeeschter fir déi 2.377 Awunner vun der Gemeng wäert ginn. “Natierlech” wier hien dofir bereet a wéilt dat Mandat unzehuelen, seet hien op RTL-Nofro hin.

Et deit sech awer e Géige-Mouvement géint hien un. Dëst ronderëm déi 5. gewielte Francine Ernster, déi 484 Stëmme kritt hat. D’Politikerin war schonn Enn 2000 Buergermeeschtesch vun der Gemeng, a vun 2005 bis 2009 Schäffen. No engem mësslongene Mësstrauensvott iwwert de Budgetsprojet hat si 2009 demissionéiert. 2011 war si net méi bei de Walen dobäi, 2017 war si iwwerdeems op déi 8. Plaz an de Wale komm.

Elo soll si nees zréck un d’politesch Spëtzt an hirer Gemeng. Den Zweetgewielte René Ernst (522 Stëmmen) an déi 3 Drëttgewielte Peggy Olinger (512 Stëmmen) hätte si gefrot, well d’Gemeng a schlechtem Zoustand wier, seet d’Francine Ernst op Nofro hin. Et hätt een, als eng vun de leschte Gemengen, nach kee Bebauungsplang. Dem Meeschtgewielten ouni politesch Erfarung traut ee wéi et schéngt net zou, d’Geschécker vun der Gemeng ze leeden.

D’Francine Ernster géing dann déi éischt 3 Joer Buergermeeschtesch ginn. Dono géing dann de René Ernst d’Rudder iwwerhuelen. Bis dohi géing de René Ernst 1. Schäffe ginn. Déi 3.-Gewielte Peggy Olinger (512 Stëmmen) kréich den 2. Schäffeposten. Fir hire Plang hätt d’Francine Ernster dann och nach déi 4.-Gewielten Tracy Bloomer (494 Stëmmen), an déi 9.-Gewielte Sonja Barthel (288 Stëmmen) op hirer Säit.

5 Leit ginn duer fir eng Majoritéit am Gemengerot vun 9 Leit ze hunn.

“D’Leit wëllen e Renouveau”, mengt de meeschtgewielte Romain Kill. Anescht kann de pensionéierte Beruffspompjee, deen eréischt zanter 4 Joer an der Gemeng wunnt, sech säin héije Score net erklären. Nodeems hie mat deene Meeschtgewielte geschwat huet, rechent hien net méi domat, nach eng Chance ze hunn, iwwerhaapt an de Schäfferot ze kommen.

Dass déi fréier Schäffe Luc Mangen (-6 Stëmmen) an Nicolas Dicken (-78 Stëmmen) op senger Säit sinn, hëlleft do och net vill. Si si just nach op der 6. a 7. Plaz gelant. De laangjärege Buergermeeschter Joseph Heisbourg war dëst Joer net méi mat an d’Wale gaangen.

“En Donneschdeg wäerten déi 5 Leit, déi sech eens sinn, de Bréif fir en neie Conseil un den Inneminister schécken”, seet en enttäuschte Romain Kill. “Dann hätt ech net brauche wielen ze goen”, wier e Saz, deen hien am dackste géing héieren, wann hie verzielt, wat sech zu Duelem géif annoncéieren.

Ganz esou séier wäert et méiglecherweis dann awer nach net goen. D’Francine Ernster seet, si wéilt eng Decisioun am Interêt vun der Gemeng huelen. Esou séier wéi méiglech, am beschte Fall nach dës Woch, wéilt ee sech nach eng Kéier mat alle Bedeelegten zesummesëtzen.

Déi komplett Resultater vun Duelem an der Iwwersiicht

Back to Top
CIM LOGO