JonglënsterRadiosantenne kéinten ouni Autorisatioun vum Kulturministère ofgerappt ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert de Kulturminister Eric Thill op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. 

D‘Radiosantennen zu Jonglënster sinn aktuell net denkmalgeschützt. Deemno kéinten dës och einfach ofgerappt ginn, ouni datt de Proprietär vum Site dem Kulturministère dat misst matdeelen.

Aner Elementer um Terrain, wéi d’Gebai an d’Waasserbasengen, sinn dogéint protegéiert. Géint d’Decisioun, déi Saachen ze klasséieren, huet de Proprietär allerdéngs Recours gemaach. Eng final Decisioun an där Affär gëtt et nach net.

Sollt d’Geriicht decidéieren, datt alles soll geschützt ginn, kéint zesumme mam nationalen Institut fir architektonesche Patrimoine INPA, e Projet ausgeschafft ginn, deen de Site en Valeur setzt, esou de Minister. Géif de Site dogéint reklasséiert ginn, wär dat d‘Kompetenz vun der Gemeng.

LINK: Fannt hei déi parlamentarech Fro an d’Äntwerten

Back to Top
CIM LOGO