
Eng Persoun hat am Etablissement d’Police geruff, nodeems se vun engem Mann ugegraff a liicht blesséiert gi war. De Mann gouf op de Policebüro matgeholl, huet sech do awer immens aggressiv beholl. Well den alkoholiséierte Mann eng Gefor fir sech a fir anerer duergestallt huet, gouf no enger Kontroll duerch en Dokter decidéiert, de Mann an Arrest ze setzen. Eng Plainte gouf deposéiert.
E Samschdeg de Mëtteg gouf an engem Café, och an der Stroossbuerger Strooss an der Stad, nees e Mann gemellt, deen d’Employéë géing ujäizen. Déi alarméiert Polizisten hu probéiert, de Mann ze berouegen, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat. Ouni Succès. A well hien därmoossen alkoholiséiert war a sech guer net wollt berouegen, koum och hien no enger medezinescher Kontroll an Arrest.
Géint 16.20 Auer koum et zu Diddeleng an der Rue du Centenaire zu engem brutalen Iwwerfall. En Onbekannten wollt sengem Affer d’Posch fortrappen, dat sech awer gewiert huet. Den Täter huet d’Affer widder de Kapp geschloen an ass mat der Posch geflücht. Eng Sichaktioun war uganks negativ, de presuméierten Déif konnt awer kuerz drop ausgemaach a gestallt ginn. D’Ermëttlunge lafen.
Géint 21.30 e Samschdeg den Owend koum et zu engem Abroch an en Eefamilljenhaus zu Angelduerf an der Rue de la Sûre. Dobäi hat sech en Abriecher iwwer eng hënnescht Dier Zougang zum Haus verschaaft, gouf awer vun de Bewunner entdeckt an ass ze Fouss geflücht. Am Kader vun enger Sichaktioun konnt de Mann kuerz Zäit méi spéit fonnt ginn. Eng Enquête leeft an et gouf protokolléiert.