
Dat mellt d'Agence Belga den Dënschdeg den Owend.
RTL-News: Ëmweltministesch "not amused": Eventuell belsch Nuklear-Dechargen op Lëtzebuerger Grenz D'Ministesch versteet net, datt hir Lëtzebuerger Homologin Carole Dieschbourg mat dëser Saach un d'Press geet, ouni iwwerhaapt de Kontakt mat de belsche federalen Autoritéite gesicht ze hunn.
Et géing sech hei ëm eng Desinformatiouns-Campagne handelen, déi de belschen Autoritéite soll schueden.
Op alle Fall wier den Ament nach kee Site definéiert, fir nuklearen Dreck ze stockéieren, sou déi belsch Ministesch, déi betount, datt all d'Gesetzgebunge respektéiert ginn.